Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie

Um Enn vum 19. Joerhonnert waren d’Gare vun der Stad Lëtzebuerg an d’Händschefabrick positiv Facteure fir den Opschwonk vun eisem Quartier, an deemno och fir eist Veräins- a Musekswiesen. Iwwerdeems déi meescht Museken aus der Stad an der Mëtt vum 19. Joerhonnert gegrënnt goufen, haten zu Bouneweg eréischt 1898 dräi passionéiert Museker d’Iddi fir dann och endlech zu Bouneweg eng Musek oder méi genee eng Fanfare op d’Been ze setzen. Dës wichteg Leit waren de Franz Birnbaum, de spéidere President, den Theo Goerens, sengersäits Caissier an de Jacques Huberty als einfache Member.

Mat enger gudder Iddi mee leider wéineg Suen an der Täsch hunn se déi schwiereg Aarbecht net gescheit, fir vun Haus zu Haus ze goe fir Sympathisanten an déi zur Grënnung néideg finanziell Mëttelen ze besuergen.

Als offiziellen Datum vun der Grënnung vun eiser Musek gëtt de 5. Oktober 1898 oft genannt. An de Grënnungsakten ass den 7. August 1898 festgehale ginn.

Deemools huet se 17 aktiv Membere gezielt, wouvun déi meescht an der deemoleger Merciers Schampesfabrick bei Bouneweg geschafft hunn.Vill vun hinne waren och Member vun der Harmonie “Champagne Mercier”, der Wierksmusek vun deene Kellereien déi vis-à-vis vun der Eisebunnsstatioun op der Gare Lëtzebuerg stoungen. Do hunn si deemools hir Solfège’s Couren an d’Museksprouwen ofgehalen.

Den 10. Januar 1899 goufen di éischt Statuten opgesat, déi deemools aus 48 Artikele bestanen hunn, a vun dem Moment un heescht eis Musek dann offiziell “Fanfare de Bonnevoie”. Dës Grënnungsversammlung ass am ale Musekssall op Nummer 29-33 an der Pierre Krier-Strooss ofgehale gin, wat deemools eng Schoul war.

Hiren éischte Concert spillt d’Fanfare de 5. Februar 1899 um 20 Auer an engem bis op di leschte Plaz ausverkaafte Bistro “Lakaff-Hentges” (uewen an der “Rue de Bonnevoie”). D’Fanfare wosst d’Leit ze begeeschteren, wéi dat verschidde Lokalneiegkeete beleeën. Eng Zeitung schreift:”Wir beglückwünschen den Verein, welcher über vorzügliche Kräfte verfügt und hoffen, dass die Gesellschaft uns binnen kurzem einen ähnlichen Kunstgenuss bereiten wird.” Den 20. August 1899 krut d’Fanfare hiren éischte Fändel (vum Atelier Klees-Scheer hiergestallt) an huet dëst och mat engem Cortège duerch verschidden Deeler vum deemolege Bouneweg gefeiert.

Vun Ufank un huet d’Fanfare en héijen Niveau ugestrieft an huet sech dann och dat selwecht Joer engem nationale Concours zu Iechternach gestallt.

Dat éischt wichtegt Evenement fir d’Entwécklung vun der Fanfare war d’Bedeelegung un engem internationale Concours zu Epernay den 22. September 1926. Do krut si eng gëlle Medaile an e Präis vun der Stad Epernay als beschte Participant an der “Divisioun d’honneur”.

1931 huet d’Fanfare sech wäertvoll Uniformen zougeluecht als éischt Musek an der Gemeng Lëtzebuerg. D’Kap an d’Box huet all Museker souguer selwer misse bezuelen an et war net seelen datt verschidde Musikanten hir komplett Uniform hu misse bezuelen.

Am Juni 1931 ass d’Musek mam Zuch bis op Paräis-Billancourt gefuer fir do un engem internationale Concours deelzehuelen. Als Resultat vun hirem Exploit kruten se 2 éischt Präisser mat Auszeechnung.

Am Joer 1936 krut d’Fanfare hiren zweete Fändel, vun do un dréit si offiziell de Numm “Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie”.

Am November 1956 gouf eng Clique (Perkussioun’s Formatioun 3D) gegrënnt, och dat di éischt hei am Land. Der Musek hir fantastesch Resultater op diverse Marschconcoure ginn zum gréissten Deel och op d’Schaffe vun dëser Clique zeréck. Am Hierscht 1957 huet den deemolegen Dirigent Nicolas Henx eng Musek fir Kanner an d’Liewe geruff. Dës “Kleng Musek” wéi se nach haut genannt gëtt, war di éischt vun dësem Genre hei zu Lëtzebuerg. Spéider mécht si sech als “Fanfare Prince Henri” en Numm, an hire Succès am Grand-Duché huet dozou bäigedroen, datt sech eng Rei aner Museke beschloss hunn, och esou eng “Kleng Musek” ze grënnen. Duerch dës Iddi konnt d’Veräinsliewen an de Museken mat jonken Talenter beräichert ginn, an esou d’Zukunft vun de Museken geséchert ginn.

Als besonnescht Evenement gëllt eisen Optrëtt 1962 um internationale Concours vu Kerkrade. Dës all 4 Joer organiséiert “Weltmeeschterschaft fir Amateur-Blosmusek“ ass an der ganzer Welt wéinst hire schwéiere Ufuerderungen an der staarker Konkurrenz berüchtegt. Naiv wéi d’Musek deemools war, huet si sech fir dëse Concours ugemellt, a war dunn och zimmlech iwwerrascht wéi si hir Concoursstécker op Bouneweg geschéckt krut. Si sollt nämlech an der “Eerste Divise”, der héchster Divisioun, haut “Concert Divise” genannt, géint esou bekannten Orchestere wéi der “Harmonie St. Michael Heugem-Maastricht”, der “Koninklijke Utrechtse PTT-Fanfare”, dem “Israel Gadna Youth Orchestra”, der “University of Mississippi Concert Band”, der “National Band of New Zealand” an der “Koninklijke Harmonie Thorn” untrieden. D’Fanfare hat sech och direkt fir de Marschconcours ugemellt, de mat änlech héichkaräteger Konkurrenz besat war.

Trotz dëse schwéiere Bedingungen huet d’Fanfare et fäerdeg bruecht en 3te Präis um normale Concours souwéi en 2te Präis um Marschconcours mat heem ze bréngen. A bis elo ass si di eenzeg Musek hei zu Lëtzebuerg, déi den Exploit fäerdeg bruecht huet, op deen 2 Concourse parallel opzetrieden.

Der Fanfare hir intern Museksschoul gouf 1966 vum Dirigent Nicolas Henx gegrënnt. Bis 1998  sinn hei mat groussem Succès e puer honnert Schüler musikalesch ausgebilt gin, déi hir Couren zum gréissten Deel vu Musekanten an Dirigenten vun der Fanfare ofgehale kruten. Säit dem Gesetz vum 28.04.1998 (Harmonisation musicale dans le secteur communal) ass eis Museksschoul ënnert d’Tutelle vum Conservatoire Lëtzebuerg komm, am Kader vun der “Ecole des Quartiers” wou d’Museksgesellschaften aus der Gemeng Lëtzebuerg sech all zesummen organiséiert hunn.

Am Joer 1998 huet d’Fanfare hiren 100e Gebuertsdag gefeiert mat engem Gala du Centenaire a Presenz vum deemolegen Ierfgroussherzog S.K.H. Prince Henri.

Den 8. Juni 2003 huet d’Bouneweger Musek um “Festival der Blasmusik-Grosser Preis von Aschaffenburg” an der “Höchststufe” deelgeholl. Mam Komponist selwer als Musikant ass dem Marco Pütz säi Stéck “Initiales” ganz gutt ukomm. De Jury huet 93/100 Punkten ausgedeelt mat der Mentioun “mit hervorragendem Erfolg”. Als Belounung dofir gouf d’Bouneweger Musek op  den “Mid EUROPE/Schladming 2004” (an Èisträich) perséinlech vum Professer Mösenbichler (Responsabelen vum Festival) invitéiert.

Dëse Festival bitt héichwäerteg konzertant Blosmusek un. Di stilistesch Villfalt vun den ugebuedenen Programmen ass enorm grouss an ofwiesslungsräich.

De 17 Juli 2004 si mir dunn zu Schladming opgetrueden. Fir dës Geleeënheet hat de Marco Pütz e speziellt Wierk “Concertino for Euphonium and Band” komponéiert, wat mir zesumme mam englesche Virtuos Steven Mead bei dem Festival uropgeféiert hunn. D’Soloeinlagen, vum Steaven Mead meeschterhaft virgedroen, hunn dësem Wierk en aussergewéinleche Charakter verschafen. Iwwer 1000 Nolauschterer hunn mat vill Applaus dem Solist, dem Komponist, dem Dirigent an der ganzer Musek fir dësen Optrëtt gewierdegt.

E schéint Resultat gouf et dunn 2009, wou d’Fanfare um “Konzertwettbewerb der Sinfonischen Blasmusik” wärend den “Internationalem Musiktagen Vöcklabrück (Èisträich)” deelgeholl huet an ënner 12 Museken aus Däitschland, Italien, Polen, Schwäiz an Éisträich an der héchsten Kategorie “Kunststufe E” gutt ofgeschnidden huet.

E weidere Beweis vun dem qualitativ héijen Niveau an all de leschte Jore bleiwe virun allem di 2 weider Participatiounen um international renomméierte Concours WMC-World Music Contest zu Kerkrade, wou d’Fanfare souwuel den 15. Juli 2005 wéi och rezent den 22. Juli 2022 jeeweils eng Goldmedail heem bruecht huet. Bei dëser leschter Performance ervir ze hiewe bleift d’Uropféierung vum Stéck “Temptations” als Morceau au choix, wat Fanfare Bouneweg erëm eng Kéier beim Lëtzebuerger Komponist Marco Pütz speziell fir dëse Concours an Optrag ginn hat.

2013 huet UGDA hir 150 Joer gefeiert an bei dëser Geleeënheet den
„1. Concours Européen UGDA 2013“ an d’Liewe geruff, dëst an der Philharmonie Lëtzebuerg-Kierchbierg. Bei dësem Concours waren nëmme Museken zougelooss (Fanfaren, Harmonien a Brass-Band) déi an hirem Land an der héchste Kategorie agestuuft waren. Als eenzeg Lëtzebuerger Fanfare huet eis FMLB den 11. Mäi 2013 deelgeholl a sech ee stolzen « 1er Prix Européen avec distinction » geséchert. E puer Joer méi spéit, beim « 2.Concours Européen UGDA 2017 » huet d’Fanfare erëm an der Philharmonie eng gutt Prestatioun geliwwert mat als Resultat e verdéngten «1er Prix Européen».

D’Bouneweger Fanfare huet sech vun Ufank un en héijen Niveau als Ziel gesat an am Joer 1968 ass hir den Opstig an di Lëtzebuerger “Nationaldivisioun” (haut heescht dat bei der UGDA “Division A”) gelongen an säitdeem sinn si ouni Ënnerbriechung di eenzeg authentesch Fanfare an dëser héchster Stuf zu Lëtzebuerg.

All di Zäit huet d’Fanfare och reegelméisseg un de nationalen UGDA-Concoursen deelgeholl, wou si ëmmer mat mindestens engem “1er Prix” belount gouf. Als lescht war dat de Fall 2001 zu Mondorf, wou si  am “Morceau imposé” wéi och am “Morceau au choix” mat engem “Grand Premier Prix avec distinction” ausgezeechent gin ass.

D’Bouneweger Musek leet vill Wäert op d’Fërderung vun Kompositioune fir speziell Fanfarebesetzung. Esou huet schonns de bekannte belsche Komponist André Waignien (gestuerwen 2015) e Stéck geschriwwe fir den Orchester, genau esou wéi de Camille Kerger, Ivan Boumans an 2 Mol schonn de Marco Pütz.

Di haaptsächlech Concerten, déi d’Fanfare traditionell all Joer opféiert sinn de Galaconcert am Conservatoire Lëtzebuerg esou wéi am Centre Culturel Bouneweg de Fréijoersconcert (Just Music) an de Wanterconcert am Dezember. Dernieft sinn et awer och vill Concerten am ganzen Land, mee awer och an der Grenzregioun wéi z.B. Aubange, Hagondange oder Bitburg.

Schéi Momenter waren dann awer och 2016 d’Participatioun un der Parade fir de Nationalfeierdag an der Stad an 2019 de gemeinsame Concert 'Harmonie meets Fanfare' mat der Harmonie Mondorf am Kader vun de Fräiraim an der Philharmonie zu Lëtzebuerg.  Net ze vergiessen den 23.04.2022, wou mir déi grouss Éier haten, erëm an der Philharmonie un engem grousse Concert deelzehuelen, deen d’UGDA genau um 3.ten Doudesdag vum fréiere Groussherzog Jean organiséiert hat, zur Erënnerung un hire Schirmhär. No der Schierener Musek an engem aus ronn 80 Sänger aus verschiddene Veräiner zesummegestallte Chouer am 1ten Deel, konnt Bouneweger Fanfare no der Paus ee fantastesche Concert presentéieren mat e.a. "I shall love but Thee" mat der  Sopransängerin Simone Martiny als Solistin  an "Highland Cathedral" zesumme mat den Duddelsäck vu Luxembourg Pipe Band, dëst viru bal vollem grousse Sall a Presenz vum Grand-Duc Henri.

E weidere Bestanddeel vun der Bouneweger Fanfare si säit laange Joren Concertreesen an aner Länner, wou all puer Joer probéiert gëtt, e flotten Ausfluch ze verbanne mat dem engen oder anere Concert an der betreffender Géigend. Dozou erwäne mer just di puer lescht wéi Prag (Tschechien) a Wien (Éisträich) 1995, London/Oxford 1997 (England), Venlo 1999 a Beegden 2012 (Holland), Roveredo 2013 (Italien), Freiburg 2016 an Hamburg 2019 (Däitschland).

Op eise Galaconcerten ass et säit laangem Traditioun, dat d’Fanfare national an international Solisten invitéiert, engersäits fir dem Publikum interessant Concerten ze bidden, mee awer och fir esou de musikalesche Niveau vum Orchester ze hiewen, andeems d’Fanfare huet dierfe bekannte Solisten musikalesch op der Bün begleeden.Esou waren an de leschte Joren zum Beispill di englesch Virtuose Steven Mead (2002+2003), Roger Webster (2005) oder och nach de Brett Baker (2009+2017+2020) op Besuch zu Lëtzebuerg als Solist.

Net ze vergiessen di vill Lëtzebuerger Solisten wéi ënner anerem Olivier Sliepen, Nadine Hoffmann, Bob Morhard, Pascal Schumacher, Jeff Herr, Pierre Kremer, Ernie Hammes, Michel Berns, Marc Meyers, Eugène Bozzetti, Philippe Schwartz, Philippe Schartz, d’Saxquintett vun der Lëtzebuerger Militärmusek, Leo Halsdorf a Simone Martiny.

An dës Kategorie passt och de Sven Kiefer als Solist am Conservatoire Lëtzebuerg 2016, mat enger Welturopféierung vu „Jubilee Vibrations“, e Concerto fir Vibraphon a Fanfare, komponéiert vum Marco Pütz (am Optrag vum Solist) fir den 100ten Anniversaire vum Vibraphon.

Säit dem 02.02.2014 steet d’Fanfare Municipale Luxembourg-Bonnevoie oder besser bekannt als d’Bouneweger Musek ënnert der Direktioun vum Romain Kerschen.

Zum Schluss weise mir nach drop hin dat 2023 den 125e Anniversaire um Programm steet mat verschidde geplangte Manifestatiounen, verdeelt iwwer dat ganz Joer.

Dessen Text kennt nach.

Auszug vu Stëcker déi Bouneweger Musek gepillt huet:

Gala 2016

- Finnlandia Jean Sibelius
- Mangnolia Bert Appermont
- Jubilée Variations

Soliste Sven Kiefer, Vibraphone

Welturopféierung

Marco Pütz
- Into the Light Philip Wilby
- Voyage to Worlds Unknown Peter Graham
- When Thunder Calls Paul Lovatt-Cooper
- Solitary Prayer

Soliste Frank Schröder, Euphonium

Marco Pütz
- Conga del Fuego Nuevo Arturo Marquez
- Tribute to Lionel

Soliste Sven Kiefer, Vibraphone

André Waingnein
- Glory of David Hayato Hirose
- Mambo Jambo Perez Prado
- Can-Can (Orphée aux Enfers) Jacques Offenbach
Just Music 2015 Rhythm & Dance
- Match-Rythm Jan Bosveld
- Kaiserwalzer Johann Strauss
- Et maintenant Gilbert Bécaud
- Amazonia Jan Van der Roost
- Waltz N°2 Dimitri Shostakovich
- Säbeltanz Adam Katchaturian
- Forgotten World Kevin Houben
- Ritual Fire Dance Manuel de Falla
- Out of Time

Soliste Gilles Biver, Sax Alt

Dave Brubeck
- Libertango Astor Piazzola
- Innuendo Queen
- Danza Final Alberto Ginastera
- Too Funky Juri Briat
- El Cumbanchero Rafael Hernadez
Gala 2015

- Gaillarde Pierre Attaignant
- Night on Bald Mountain Modest Mussorgsky
- Choralis Tonalis Marco Pütz
- Tintagel Castel Leon Vliex
- The Dark Side of the Moon Paul Lovatt-Cooper
- Fanfare an Funk Oliver Waespi
- War of the World

Soliste Annette Sondag, Sax Sopran

Peter Graham
- Lightwalk

Soliste Henri Pigeon, Bugel

Barrie Gott
Just Music 2014 an American Night
- Jubilance Benjamin Yeo
- Leichte Kavallerie Franz vun Suppé
- Adagio for Strings Samuel Barber
- The Essence of Youth Stijn Roels
- American Graphity arr Naohiro Iwai 

- Meaple Leaf Rag

Soliste: Véronique Biver, Isabelle Oms, Joëlle Schott (Euphonium)

Danie Köller, Anne Schroeder Van den Bulcke (Mib Bass)

Scott Joplin
- The Best of Earth, Wind an d' Fire arr Peter Kleine Schaars
- West Side Story Leonard Bernstein
- Stars an d' Stripes Forever John Philip Sousa
Concours Européen HAFABRA 2013 (Lëtzeburg)
- A Choral for a Solemn Occasion Marc van der Delft
- A Diamond for Parker Rob Goorhuis
- Evolution Johan de Meji
WMC Kerkrade 2005
- Choralis Tonalis Marco Pütz
- Between the Two Rivers Philip Sparke
- La Guerre Oubliée Léon Vliex
MID Europe Schladming 2004
- Festmusik der Stad Wien Richard Strauss / arr. Jean Cosemans
- Goodnight Sarajevo Leon Vliex
- Concertino for Euphonium an d'Band

Soliste Steven Mead, Euphonium

Welturopféierung

Marco Pütz
- Windows of the World Peter Graham / arr Floris van der Kooij